Nouveautés

Voir toutes les news Notice légale

Rencontre amicale
Invitatioun ob eng geféiert Wanderung am Mëllerdall ronderëm Berdorf fir d’Memberen an d’Frënn vun der ASC
(mat Partner oder Kanner wann dës gewinnt sënn ze wanderen)


Wéini: Samschden den 9. Juni 2018

Rendez-vous ab 9:30 Auer - Camping Maartbësch 3, beim Maartbësch, Berdorf (googlemap)

Depart: 9:45 Auer

Guide: Claude Oé

 

Programm:

Moies: 5,5 km (mëttel bis usprochsvoll): Kletterschoul, Morgue, Däiwelsinsel, Raiberhéil, Hell, Bënzeltschlëff, Predegtstull, Meelerbuur, Bëschkierfecht, Aquatower
An der Mëttestonn (12:00 bis 14:00 Auer): Picknick beim Aquatower (fir Gedrénks ass gesuergt)
Visit mat Explikatioune vun der Ausstellung iwwert Geologie a Waasser an dem Point de Vue ob 55m
Mettes (ab 14:00 Auer): 6,8 km (liicht bis mëttel): Aquatower, Aesbaach, Hohllay-Amphitheater Breechkaul, Shipka-Pass, Perekop, Haalsbaach, Wäschbur, Maartbësch

Duerno kënne mer ob fräiwelleger Basis fir déi wou nach Zäit hun, eppes zesummen drénken an Iessen goen

Matbréngen: Fest Schong respektiv Kleedung jee no Wieder, Picknick fir Mëttes, eng Täscheluucht,  gutt Laun.

Umelle bis de 6. Juni 2018 beim Claude Oé:  claude.oe@berdorf.lu oder SMS  ob den 691 79 96 70:  Zuel an den Nimm vun de Leit déi matginn matdeelen


Remark: Et kann een och nëmme moies oder och nëmme mëttes matgoen.
Mëttes ass de rendez-vous da viru 14:00 Auer beim Aquatower 106A, rue de Consdorf, Berdorf – parking Laangebësch